
En Donneschdeg gouf d’Initiativ “EduAction” fir d’éischte Kéier am Kader vum Internationalen Dag vun der Bildung organiséiert. All Kand soll d’Recht op eng gutt Bildung hunn, heescht et hei.
Et géif net duergoen, dass d’Regierung Entscheedungen trëfft, ouni d’Personal um Terrain ze froen, wat si dovun halen. Decisioune géifen dacks gutt um Pabeier ausgesinn, mee géifen am Klassesall net esou funktionéieren. Virun allem géing et u Ressourcë fir d’Léierpersonal feelen. D’Responsabilitéite kéinten net eleng op de Schëllere vum Léierpersonal leien.
Den SEW fuerdert ënnert anerem eng onofhängeg Ulafstell fir d’Léierpersonal, fir wa se sech humiliéiert oder schikanéiert fillen an eng Personaldelegatioun an den ëffentleche Schoulen.
D’Joelle Damé, Präsidentin vum SEW: “Eisen Haaptmessage ass: Lauschtert op d’Leit vum Terrain. Et ass wichteg, dass mer de Wäert vun enger staarker, ëffentlecher Schoul unerkennen an dass mer de Beruff vun eisen Enseignantë respektéieren a mer hinnen nolauschteren, wa se eppes ze soen hunn. Mir mussen alles maachen, fir dass wierklech all Kand eng reell Bildungschance an enger inklusiver Schoul huet.”