Den Ierpeldenger Schäfferot an nei ASBL "Energiematverstand" sinn net géint d'Wandenergie, ma kloer géint d'Wandrad bei Bierden.

Am September 2020 hu sech d’Awunner vu Bierden an der Gemeng Ierpeldeng eng éischte Kéier an der Press zu Wuert gemellt, fir sech iwwert de Projet Eoliennen bei sech an an de Gemengen Dikrech an Ettelbréck ze beschwéieren.

Eng dovunner kéim nämlech esou no bei hiert Duerf, dass dat komplett negativ impaktéiert géif – vu Kaméidi a Schattenwurf vum Wandrad. Geännert krute si d’Pläng bis haut net, allerdéngs gouf eng ASBL gegrënnt, där hir Membere sech schlau gemaach hunn. Eng vun de Conclusiounen haut: am Beräich Wandenergie géifen et keng wierklech Reegelen.

Kritik u Wandrad zu Bierden - Reportage vum Monique Kater
RTL

© Andy Brücker

Se nenne sech "Energiematverstand" a schéngen och verstänneg, obschonns se sech schonn zënter Joren iwwer déi geplangte Eolienne an hirer Noperschaft opreegen. Et géing ëm ganz Bierden, net eleng ëm d’Cité "Op der Kopp", heirobber gouf d’lescht Woch insistéiert, op enger Infoversammlung fir d’Bierger aus der Gemeng.

RTL

© Monique Kater

D’ASBL hat invitéiert, hire Vizepresident Georges Pott weess, dass se op dënnem Äis ginn, bei dësem Thema. Stéchwuert Nimby (not in my back yard - net bei mir am Hannerhaff). Dat wier en Doudschléier, sou de Vizepresident vun der ASBL, deen déi Kritik net acceptéiert.    
 
Den Infraschall – wa Wandrieder dréien, kënnt deen an d’Spill, ouni dass en engem direkt esou an d’Ouer fiert. E Kaméidi, deen do ass, deen een awer net onbedéngt direkt mierkt, wat bis elo awer nach keng Etüd richteg analyséiert hätt, sou de Georges Pott. Laangzäitstudië géif et net, mee et géif ee jo Joerzéngte mat esou engem Schall belaascht, an eréischt mat esou Moossunge kéint ee richteg Conclusiounen zéien. Hei misst dach de Principe de Précaution gëllen.

Diskussioun iwwert Wandkraaftanlag zu Bierden geet weider
Claude Gleis, Buergermeeschter vu Ierpeldeng fuerdert vun der Regierung eng Upassung vun der Reglementatioun un déi nei Generatioun vu Wandkraaftanlagen.

D’Regierung wëllt, sou de Staatsminister nach de leschte Freideg no Regierungsrot, esou Wandrieder an Zukunft méi séier kënne baue loossen. Kaméidi a Schied keng Argumenter méi? Et géife Lacunnen an den Texter, zum Beispill feelt et u Reegelen, wat d’Distanz vun Eoliennen zu Wunngebidder ugeet oder och nach d’Proximitéit zum Bësch, sou d’Kritik vun de Bierdener.

Den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis sëtzt e bëssen tëschent zwee Still. De Schäfferot wier, grad ewéi d’ASBL, net géint Wandenergie, mee kloer géint d’Wandrad bei Bierden. Fir hien ass et awer kloer, dass de Problem bei der Reglementatioun läit, déi par Rapport zu der neier Generatioun Wandrieder, net méi "up to date" wier.

Am Abrëll ass e Klimadësch. Vläicht decidéiert d’Regierung dann z.B. d’Eoliennen an d’Plans sectoriels eranzehuelen, vläicht virdru schonn objektiv an oppe mat der Bierger och iwwert den negativen Impakt ze schwätzen. Well och e Wandrad huet eng Auswierkung op Fauna, Flora an natierlech de Mënsch.

Weider Detailer ginn et e Méindeg den Owend am Journal vun der Tëlee. En Dënschdeg sinn et dann d’Reaktioune vun der Politik.