Finanzminister stellt "Neiorientéierung" vun Investitiounen an de Raum

Fir de Finanzminister ass kloer, datt Lëtzebuerg och seng Roll bei der Defense an der EU an an der NATO muss erfëllen.
Allerdéngs kéinten zousätzlech Efforte fir d’Defense net nëmmen iwwer Scholde finanzéiert ginn. Esouguer net, wann déi zweckgebonne sinn. De Gilles Roth huet am RTL-Interview eng "Neiorientéierung vu verschiddenen Investitiounsausgaben" an de Raum gestallt.
Och wann d’EU-Kommissioun d’Scholdereegele labbert, esou wiere méi Scholden dem CSV-Finanzminister no fir e Land ewéi Lëtzebuerg keng gutt Optioun. Stéchwuert: "Triple A". Stéchwuert: "Finanzplaz".
De Gilles Roth hält och trotz dem aktuelle Kontext um Projet vun enger Steierreform an de Begrëff méi Netto vum Brutto fest. Hie schwätzt vu "Spagat", "Drotseelakt" oder "Quadratur vum Krees": engersäits déi international Efforten erfëllen, déi sozial Kohesioun vum Land staark halen an e Budget deen "hallefweegs" d’Krittären erfëllt hunn. Hie wier sech bewosst, datt et eng schwéier Aufgab wier, fir déi ee vill "Fangerspëtzegefill" bräicht.
Op d'Iddi vun enger Steier op Beneficer, déi op de Krich zeréckzeféiere sinn, ugeschwat, huet de Gilles Roth geäntwert "ech schléissen à ce stade keng Pist" aus".
De Finanzminister ass zanter e Méindeg a bis e Mëttwoch an de baltesche Staaten ënnerwee. De Gilles Roth diskutéiert do iwwer Projeten, un déi Lëtzebuerg sech finanziell bedeelege kéint. A condition, datt d'NATO esou Investissementer och als Effort de défense géing urechnen, esou de Finanzminister.