EU-Spezialsommet: 27 fir méi Waffen, just 26 fir weider Ukrain-Hëllef
Wann d’Geschicht séier geet, da muss Europa sech zesummerappen. Dat sot de Premier Luc Frieden bei senger Arrivée um Spezialsommet zu Bréissel.
De Spezialsommet zu Bréissel huet zwou getrennte Konklusiounen zeréckbehalen:
Net 27, mee 26 EU'Staate verspriechen der Ukrain weider ferm a laangfristeg d'Ënnerstëtzung. 27 Staaten, och Ungarn, sinn dann averstanen, fir d’Sécherheet vun der Europäescher Unioun massiv ze stäerken.
De Plang vun 800 Milliarden Euro fir d’europäesch Defense an d’Ofschreckung ze stäerken, deen d’EU-Kommissioun presentéiert huet, geet dem Premier no an déi richteg Richtung.
Wéi vill Lëtzebuerg bäisteiert, steet nach net fest. Dat géing bis den Nato-Sommet am Summer diskutéiert ginn. Dem Premier no géing et vill méi ëm europäesch Sue goen, déi misste gemeinsam geréiert ginn. Hien huet och déi wichteg Roll vum Privatsecteur ënnerstrach. Et géing ëm "considerabel" Zomme goen, mee et géing och "net just ëm Sue goen" - Stéchwuert Interoperabilitéit.
Luc Frieden: "Mir hunn an der Erklärung zur Lag vun der Natioun d'lescht Joer gesot, datt mer bis 2030 oder 2 % vun eisem nationaler Räichtum eropginn, mir mussen dat héchstwarscheinlech iwwerkucken, och well all déi aner lo méi schnell ginn, mee do si mer am gaangen ze kucken, well et ass jo net nëmmen d'Fro, wat gëtt ee méi aus. Et muss een och kucken, wat keeft een domadder. Mir musse méi europäesch koordinéiert akafen, dat muss Sënn maachen, dat muss interoperabel sinn, an da muss een och kucken, wou kommen déi Suen hier. An dat ass eng Diskussioun, déi muss all Land eenzel féieren, zesumme mat den europäesche Suen. An do muss ech soen, datt grondsätzlech dat, wat d'Madamm von der Leyen am Numm vun der Kommissioun proposéiert huet, dee Package, dee mécht Sënn, mee dat ass ee mat fënnef verschiddenen Aspekter, mee déi Richtung, déi stëmmt. An ech spieren och, datt meng Kolleege Regierungscheffen aus den anere Länner och op dee Wee wëlle matgoen."
RTL: Muss dofir eng Steierreform weechen oder eng Energietransitioun oder Äre Méi Netto vum Brutto? Wou kommen d'Suen hier, Här Frieden?
Luc Frieden: D'Politik a schwéieren Zäite muss e Ganzt sinn. A mir musse sécherstellen, datt d'Sozialpolitik finanzéiert gëtt. Mir musse sécherstellen, datt mer d'Energietransitioun hikréien. An duerfir brauche mer eng staark Ekonomie. Nëmme wa mer eng staark Ekonomie hunn, déi gutt fonctionéiert, kënne mer all déi aner Saache finanzéieren. Elo kënnt nach ee Volet dobäi. An duerfir musse mer Choixe maachen. Awer dat brauch Zäit. An duerfir sinn ech a Gespréicher mat de Kolleegen an der Regierung. Duerfir wëll ech och déi eenzel Parteie gesinn. Net iwwert déi eenzel Moossnamen. Dat ass d'Verantwortung vun deenen, déi an der Regierung sinn. Mee hei sti mer virun enger europäescher Erausfuerderung."
RTL: Dat heescht, Dir kënnt eis hei soen, dass Lëtzebuerg déi zwee Prozent vill méi séier wëll erreeche wéi 2030?
Luc Frieden: "D'Diskussioun ass méi komplex wéi dat, well ech fir d'éischt wëll gesinn, wat freet d'Nato vun eis, och inhaltlech. Da muss ee kucken, wat kascht dat an da muss ee kucken, wéi een dat finanzéiert. An duerfir, fir de Moment bleift et bei deem, wat mer gesot hunn, et gëtt keng aner Regierungsdecisioun, mee am Liicht vun deem wat geschitt an der Welt a mir sinn an enger Zäit, wou ee mierkt, datt d'Geschicht amgaangen ass ze dréinen, musse mer méi fir eis Sécherheet ausgoen. A Sécherheet ass net nëmmen déi klassesch Defense, Sécherheet ass och d'Cybersécherheet, d' Sécherheet ass och ze kucken, wéi een d'Satellittekommunikatioun kann, och zur Dispositioun vun anere Staate stellen. Mir hunn doriwwer och am Conseil elo geschwat. Dat heescht, et ass also méi e breede Pak, un deem mer musse schaffen. An dat hëlt eeben e bëssen Zäit."
Op Ungarn an d’Slowakei ugeschwat, déi eng pro-russesch Approche hunn, sot de Luc Frieden, et soll een zesummenhalen a wann dat net geet, da missten déi 25 aner Staate weidergoen.
"Familljemember" Selenskyj seet "Merci!"

© François Aulner
D’EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen an de Conseilspresident Costa sinn zesumme mam ukrainesche President Selenskyj virun de Kamerae stoebliwwen an hunn hien als "Familljemember" vun Europa bezeechent. De Selenskyj selwer sot, e puer Mol "Merci". D’Hëllef vun der EU wier e Signal, datt all Ukrainer géing spieren. De Plang, fir d’EU opzerëschten, wier a sengen Aen och eng “ganz gutt Decisioun”.