Europa wëll kee ugräifen, mee fir d’Fräiheet an de Fridden kënnen ze schützen, muss Europa sech kënne verdeedegen a virun allem ofschrecken.

Dat war de Kredo e Méindeg de Moien no enger Sitzung vun der aussepolitescher Chamberkommissioun. De Premier Luc Frieden huet d’Deputéiert iwwert de EU-Sommet vu leschter Woch informéiert. 26 Memberstaaten hu Gréng Luucht fir Hëllef fir d’Ukrain ginn a 27 Memberstaaten fir 800 Milliarden Euro fir d’Defense.

Aussepolitesch Chamberkommissioun - Rep. François Aulner

D’EU erlaabt méi Scholden fir Defense-Ausgaben. De Finanzminister Gilles Roth hat sech d’lescht Woch bei eis op der Antenn dogéint ausgeschwat. Hien huet eng Reorientéierung vun Investitiounen an de Raum gestallt. De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun, den DP-Deputéierten Gusty Graas, huet dem Finanzminister “net onrecht” ginn. Et soll ee probéiere wa méiglech laanscht Scholden ze kommen an och kucken, wou ee méi Moyene ka “fräimaachen”, sief dat datt ee gewëss Investitiounen “zeréckschrauft” oder awer Scholde mécht. 
 
An den nächsten Deeg a Wochen géingen d’Diskussiounen sech “intensivéieren", esou nach de Gusty Graas. Diskussiounen ënnert de Regierungsparteien CSV an DP, mee och mat den Oppositiounsparteien, hat de Premier annoncéiert. Déi ënnerstëtze gréisstendeels de Prinzip fir méi Ausgabe fir d’Defense, mee stelle sech och vill Froen doriwwer, ewéi dat soll geschéien. Eng dovunner ass fir den ADR-Fraktiounschef Fred Keup déi, ewéi Lëtzebuerg iwwerhaapt op 2% vum nationale Räichtum, dem RNB, kéint kommen. Hien huet d’Fro opgeworf, wéi vill Zaldoten a Panzeren ee misst hunn. Op d’Remark, datt Waffen- a Munitiounsproduktioun och als Bäitrag zur Defense gëllen, huet hie geäntwert, datt wann et Entreprisen hei am Land géing ginn, déi dat kéinte maachen, da wier dat “eng gutt Saach”. Net awer wann d’Suen an d’Ausland ginn.
 
Dat war och dem Piratendeputéierten Sven Clement säin Haapt-Uleies: et misst een dofir suergen, datt méi Defense-Ausgaben net “exportéiert” ginn, mee an der EU bleiwen.
 
Déi gréng Deputéiert Sam Tanson sot, d’Defense-Ausgaben dierfen net op Käschte vun anere Prioritéite goen, ewéi Infrastruktur, sozialen Zesummenhalt a Klimapolitik.
 
Änlech huet den Deputéierten vun déi Lénk, den David Wagner et ausgedréckt. Och d’Hëllef fir d’Ukrain dierft net just militäresch sinn, se misst ekonomesch sinn. Fir den Effort de Défense ze finanzéieren, huet hie sech iwweregens fir méi héisch Steieren op héisch Revenuen oder Verméigen ausgeschwat. Op d’Fro, ob d’Kapital dann net fortleeft, huet den David Wagner “Retortiounsmesuren” als Léisung genannt. “D’Amerikaner ginn hir Steierflüchtlinge iwwerall sichen”, esou den Deputéierten vun déi Lénk.
 
D’Diskussiounen iwwert den Effort de Défense wäert sech wéi gesot intensivéieren. Einfach ginn se net.