Um Site vun der fréierer Zigarettefabrick entstinn eng 650 nei Aarbechtsplazen. Nieft Administratioune sollen och Commerce a Gastronomie eng Plaz kréien.

Knapp 60 Joer laang huet d'Zigarettefabrick vun Heintz Van Landewyck déi südlech Entrée vun Ettelbréck gepräägt. Ma viru 4 Joer gouf d'Gebai ewechgerappt, well d'Produktioun an eng nei Fabrick op de Fridhaff geplënnert war. Zu Ettelbréck sollt amplaz de Projet "Ettelbruck One" entstoen, deen nieft enger Rëtsch Verwaltungen och Commerce a Gastronomie ëmfaasst. Mëttlerweil sinn d'Aarbechte baussen um Gebai esou gutt wéi fäerdeg, Mëtt d'nächst Joer soll dann d'Université populaire als éischt hir Dieren opmaachen.

Am Februar 2021 war d'Produktiounshal schonn ewechgerappt, ma dat administratiivt Gebai stoung nach. Haut erënnert um Site tëscht der Rue des Alliés an den Zuchschinnen näischt méi un déi al Zigarettefabrick. Am Ufank als Ettelbruck One geplangt, heescht de Projet mëttlerweil Centre administratif Nordstad an dominéiert d'Entrée vun Ettelbréck, wann ee vu Schieren erfort kënnt. Iwwerierdesch sinn et 19.000 Metercarré brut, ënnerierdesch kënnt nach ee Parkhaus iwwer zwee Niveaue mat ronn 300 Parkplazen dobäi. Am Ganze sollen hei eng 650 Aarbechtsplazen entstoen. Déi meescht dovunner aus dem administrative Beräich.

"Sou wéi d'Situatioun haut ass, hu mer hei ee Mix aus Administratiounen, déi zum Deel haut schonn an der Nordstad sinn, mee a Gebaier, déi sinn ze al, ze kleng, net méi modern, kënnen och net méi erweidert ginn a Saachen, déi komplett nei sinn. Eng Saach, déi komplett nei fir den Norden ass, dat ass d'Université populaire. Dat ass eng Formatioun fir Erwuessener, wéi et se haut och schonn zu Esch-Belval gëtt", erkläert de CEO vu Landimmo, Jürgen Primm.

Eng ganz Partie vun deenen Administratiounen, déi scho virdrun an der Nordstad waren, plënnere vun der fréierer Cité militaire vun Dikrech eriwwer op Ettelbréck. Dozou gehéieren zum Beispill de Kadaster, d'Douane oder Deeler vum Educatiounsministère. Ma och déi Ettelbrécker Maison médicale wäert aus Plazgrënn aus der Avenue Lucien Salentiny an de Centre administratif Nordstad wiesselen. Nieft de 450 staatlechen Aarbechtsplaze sollen der awer och am Privatsecteur entstoen.

"Et gëtt Negociatiounen, souwäit ech weess, mat enger Boulangerie, engem Kiosk, wou een zum Beispill Zeitungen, Séissegkeeten oder Zigarette kafe kann. Dat si Saachen, déi sinn amgaangen. Mir sinn och an Diskussioune mam finale Proprietär, datt och ee Restaurant hei kënnt, fir d'Leit, déi hei schaffen, dat wär immens flott."

Beim Proprietär handelt et sech iwwregens ëm de Fonds de Compensation. Wat den energeetesche Volet ugeet, sou kommen zwou Loftwärmepompelen a Solarpanneauen op d'Diecher.

Déi Gemengeresponsabel erhoffe sech, datt de Projet positiv Effekter op de Commerce zu Ettelbréck an doriwwer eraus wäert hunn. Sou och den Ettelbrécker Buergermeeschter Bob Steichen:

"Also d'Regioun a virun allem eng regional Akafsstad, lieft jo och vun de Leit, déi se frequentéieren. Dat heiten ass just op 300 Meter vum Stadkär ewech, also bis de Stadkär ufänkt. A mir erhoffen eis natierlech, datt wann iwwer 600 Aarbechtsplazen entstinn, datt dat ee ganz positiven Effekt op eis Geschäftsstad huet an datt mer eis Regioun insgesamt kënne stäerken. Well et jo awer wichteg ass, datt wann ee vun Dezentralisatioun schwätzt, datt dann och Aarbechtsplazen an der Regioun entstinn a wa mer vun Nordstad schwätzen, passt dat heiten am Fong perfekt doranner."

Duerch ee Vëlosexpresswee soll de Centre administratif Nordstad nach besser mam Stadkär verbonne ginn. Wat de Käschtepunkt vun deem ganzen Immobiliëprojet ugeet, sou beleeft dee sech op gutt 100 Milliounen Euro.