Monica Semedo kritt Recht, EU-Parlament muss Decisioun annuléieren
D'Riichter vum EU-Tribunal hunn de Constat vun Harcèlement an déi domat verbonne Sanktiounen annuléiert.
Déi fréier liberal Deputéiert Monica Semedo huet am RTL-Interview mat vill Freed op dës Nouvelle reagéiert:
"Jo, virun allem war et eng grouss Erliichterung no iwwer véier Joer, wou déi ganz Prozedur, an dat Ganzt gedauert huet, et huet vill Kraaft kascht, mee elo ass et erreecht, awer déi Prozedur, dat war einfach net fair an net transparent"
Ënner anerem wieren d‘Defense-Rechter vun der deemoleger liberaler Europadeputéiert net genuch respektéiert gewiescht a si hätt net den néidegen Accès an d'Dossiere kritt, haten d'Richteren um Kierchbierg argumentéiert.
Wat sinn déi praktesch Konsequenze vum Urteel fir si selwer a fir d'EU-Parlament? Ëmmerhi mussen d'Decisioune vum Abrëll 2023 vum EU-Parlament jo annuléiert ginn. Doriwwer géing si am Moment elo nach net nodenken, sou d'Monica Semedo. Si géing dat mat hirem Affekot kucken. Hei goung et ëm d'Prozedur an net ëm de Fong vun der Saach.
D'Monica Semedo weist d'Mobbing-Reprochë géintiwwer Mataarbechter op alle Fall weiderhi vu sech
"Jo, ech bleiwen dobäi, datt déi Uschëllegungen net fondéiert waren. Wann ech mech hätt kënnen ëffentlech dozou äusseren, hätt een och gesinn, datt do näischt dru war"
D'Parlament kann d'Urteel awer nach bei der Cour kontestéieren an huet dofir zwee Méint Zäit.
Géint déi fréier Renew-Europadeputéiert Semedo war 2022 am Parlament eng Enquête opgemaach ginn, wéinst Harcèlement moral géintiwwer engem parlamentareschen Assistent.
Schonn am Januar 2021 war si wéinst enger änlecher Affär vum Europaparlament suspendéiert ginn. An der Suite war si aus der DP ausgetrueden.Bei de Europawalen zejoert hat d'Monica Semedo fir "Fokus" kandidéiert, hat de Sprong zeréck op Stroossbuerg awer net méi gepackt. Si ass och elo nach Member vu Fokus.
Am Moment wier si op der Sich no engem neien Challenge, äntwert d'Monica Semedo op d'Fro, wat si hautzedaags mécht.