Luef a Kritik un der Regierung hire Logementsmesuren

© Domingos Oliveira / RTL Archivbild
Am Logement gëtt et eng Vertrauenskris, an der Regierung hir Mesuren hunn en Impakt, fir dat Vertrauen nees hierzestellen.
Dat sot de Jean-Paul Scheuren vun der Chambre immobilière en Dënschdeg op enger Konferenz vun der Beruffskummer. Ma et gëtt awer och Kritik un der Regierung hire Logementsmesuren.
60 Prozent vun de Menagen zu Lëtzebuerg sinn eng Persoun eleng. Mee, seet de Jean-Paul Scheuren:
"Eise ganzen Urbanismus an e ganze Koup Mesurë sinn awer ëmmer nach op Famillen axéiert. An do ass einfach eng Reflexioun ze maachen an eiser Gesellschaft, datt mer eis och mol un déi dote Saachen eruntrauen an eis d’Fro stellen: solle mer dann net mol en fonction vun eiser Demographie verschidde Mesuren aneschters ugoen."
Nieft der Manéier, wéi geplangt a gebaut gëtt, huet d’Chambre immobilière, awer duerchgerechent, wat sech Mann oder Fra eleng mat der Subvention d’interêts leeschte kann. An d'Äntwert ass net vill, dowéinst mengt de Jean-Paul Scheuren, datt een aner Seuile brauch, wa se besser soll wierken:
"Et weess ee jo, wann een zu zwee ass, kascht d’Wunneng jo net dat duebelt. A wann ech nach zwee Kanner hunn, kascht se net mol véier. Datt een dat anescht ugesat hätt an, datt een d’Revenue vun den uni-personellen aneschters ajustéiert hätt, häss de och aner Resultater kéinten do provozéieren."
Ma am Fong gëtt et jo zu Lëtzebuerg och e Probleem vun Offer. Um Logementsdësch war sech d’Regierung mam Secteur eens ginn, an ëffentlech-private Partenariater op Privatterrainen abordabel Locatiounswunnengen ze bauen.
"Dee Programm ass leider nach net annoncéiert, obwuel mer eigentlech gemengt hätten, mir hätten elo d’Eckdaten no aacht Méint alleguer definéiert an, datt de Programm elo eigentlech am Februar sollt annoncéiert ginn", esou de Jean-Paul Scheuren.
Déi privat Promoteure verspriechen dann awer vill méi séier méi ze bauen wéi déi ëffentlech Promoteuren:
"Mir schwätzen do vu 500 bis 1000 Wunnengen d’Joer, kënnen z'entwéckele fir de Logement abordable. An dat wär an der Locatioun an dat wär e Modell, dee mer haut onbedéngt brauchen, well mat zwee Prozent am Logement abordable si mer wierklech wäit hannendran."
Lo ginn déi privat Promoteuren esou lues ongedëlleg.