Den CGDIS melltAacht Blesséierter bei fënnef Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem zu Biergem, zu Beetebuerg an op der Tréierer Autobunn ass et um Donneschdeg zu Accidenter komm.
© Police Archivbild

Tëscht Ielwen a Näerden hate sech géint 12.40 Auer zwee Gefierer ze pake kritt. Bei deem Accident goufen dräi Persoune blesséiert. Nieft de Rettungsdéngschter vu Réiden, Stengefort a Biekerech war ënnert anerem den Helikopter vun der Air Rescue war op der Plaz.

Um 13 Auer koum et zu Biergem an der Rue de Noertzange zu engem Accident tëscht zwee Gefierer. Heibäi gouf eng Persoun verwonnt, grad esou wéi bei enger Kollisioun tëscht Waasserbëlleg a Méischdref.

Zwee weider Blesséierter waren et, wéi sech kuerz viru 16 Auer op der Tréierer Autobunn direkt véier Autoen ze pake kritt haten. Ee weidere Verwonnte gouf et wéineg méi spéit bei engem Accident zu Beetebuerg an der Route de Mondorf.

Back to Top
CIM LOGO