
E Freideg den Owend ass ënnert anerem an en Haus zu Rued-Sir agebrach ginn. Dräi presuméiert Täter goufen hei vum Proprietär iwwerrascht a sinn du fortgelaf, sou d’Police an hirem Bulletin vun e Samschdeg de Moien. Trotz groussraimeger Sich vun der Police konnten d’Täter nach net fonnt ginn.
Um Cents an der Stad ass dann an e Buttek agebrach ginn. D’Täter sollen hei d’Keesen eidel gemaach hunn.
A béide Fäll lafen d’Ermëttlungen nach.