Glat StroossAccident e Freideg de Moien tëscht Dippech an Holzem

Andy Brücker
Géint 7.30 Auer koum et um CR103 tëscht Dippech an Holzem zu engem Accident op glater Streck.
© Domingos Oliveira

E Freideg de Moie war et plazeweis glat op de Stroossen, wat dann och en Automobilist op der Streck tëscht Dippech an Holzem huet musse feststellen. Hien ass mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm an ass e Gruef erof bis an e Feld gerutscht. Éischten Informatiounen no ass et beim Materialschued bliwwen.

D’Police huet dann awer op der Plaz en Appell un d’Automobiliste gemaach, virsiichteg ze fueren, well hannert all Kéier de Buedem ugezu kéint sinn.

Back to Top
CIM LOGO