Auto um Daach a Schminni a BrandAccident e Samschdeg den Owend zu Keel, Feier zu Déifferdeng

Andy Brücker
Eng Persoun gouf beim Accident zu Keel verwonnt.
© Laurent Weber

E Samschdeg den Owend géint 19.45 Auer, koum et zu Keel an der Rue Altrescht zu engem Accident, bei deem en Auto um Daach gelant ass. Eng Persoun gouf blesséiert. D’Pompjeeë vu Keel an d’Ambulanz vun Diddeleng waren op der Plaz.

Kuerz virun 23 Auer huet zu Déifferdeng an der Rue Henri Bessemer eng Schminni Feier gefaangen. Hei blouf et beim Materialschued. D’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng goufen an den Asaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO