
Wéi d’Police op Nofro confirméiert, krut ee géint 6.38 Auer den Accident tëscht Bettenduerf a Reisduerf gemellt. Duerch den Impakt vun dësem Accident wier de Bus vun der Fuerbunn ofkomm an de Rampli erofgaangen. Den Auto gouf dobäi esou schwéier beschiedegt, datt de Chauffer aus sengem Gefier huet misste geschnidde ginn. Den Automobilist, deen och vum Samusdokter op der Plaz behandelt gouf, koum an d’Spidol. De Buschauffer gouf och fir eng Kontroll an eng Klinik ageliwwert.
D’Streck bleift den aktuellen Informatiounen no zou, bis den Auto an de Bus ofgeschleeft konnte ginn. Eng Deviatioun ass ageriicht.