
Am Laf vum Dënschdegnomëtteg ass et zu Manternach an der Sirdallstrooss zu engem Accident komm. En Auto an en Trakter hate sech ze pake kritt.
Well ënnert anerem den Helikopter vun der Air Rescue am Asaz war, ass d'Strooss gespaart ginn. Weider Detailer iwwer den Accident feelen nach.
