Parlamentaresch RentréeADR fuerdert, Leit zréckzeféieren, déi kee Recht hunn, hei ze sinn

François Aulner
Ewéi keng aner Partei géing d'ADR "Tabue briechen", wa se iwwert d'Kriminalitéit schwätzt, huet et vum Tom Weidig geheescht.
Wéi d'AfD an d'Däitschland fuerdert och d'ADR d'Boergeld zu Lëtzebuerg an der Verfassung ze verankeren.
© Pierre Jans

Boergeld an d'Verfassung, méi Sëtz an der Chamber a Leit, déi kee Recht hunn, hei ze sinn, zeréckféieren: déi fënnef ADR-Deputéiert hunn op hirer Pressekonferenz fir d'parlamentaresch Rentrée e puer vun hire Fuerderunge matgedeelt. Bei de Fuerderungen erkennt ee Schnëttstelle mat der däitscher AfD, mee et gouf verséchert: d'ADR géing Saachen, déi vereenzelt Leit vun der AfD soen, net deelen.

Dorënner d'Verharmlosung vun der Nazizäit an dem Holocaust. "Mir haten en Zweete Weltkrich an déi Däitsch hunn eis iwwerfall, dat gëtt et jo net ze verharmlosen. Au contraire, et muss een ëmmer drun erënneren, datt déi Zäit ganz schlëmm war", esou den ADR-Fraktiounschef Fred Keup.

Hien huet och drop higewisen, datt d'ADR op europäeschem Niveau net mat der AfD am parlamentaresche Grupp ass, mee mat der EKR (d'europäesch Konservativ a Reformisten). A sengen Aen hätt seng Partei méi Gemeinsamkeete mat der CSV ewéi d'CSV mat deene Gréngen.

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig war och net averstan, datt seng Ausso virun 8 Joer – "d'Nazien hunn d'Lëtzebuerger wéinstens net erhéngere gelooss" – eng Verharmlosung vun der Nazizäit wier. Déi Ausso wier aus dem Kontext gerappt, an zwar enger Diskussioun op Facebook iwwert d'franséisch Belagerung vun der Festung am Joer 1694.

"Auslänner, déi kenger uerdentlecher Aarbecht noginn"

Ewéi keng aner Partei awer, esou den Tom Weidig, géing d'ADR "Tabue briechen", wa se iwwert d'Kriminalitéit schwätzt. "Jiddereen am Land" wéisst, wat d'Ursaach fir eng Hausse vun der Kriminalitéit oder vun de Kierperverletzunge wier, esou den Tom Weidig: "Et sinn Auslänner, déi kenger uerdentlecher Aarbecht noginn, illegal am Land sinn oder an enger Asylprozedur sinn ouni eng Chance op Asyl ze hunn."

Obwuel jiddereen am Land dat wéisst, fuerdert hien awer iwwerhaapt Mol Statistiken iwwert d'Nationalitéit an d'Residenz vu Verbriecher fir "de Problem besser ze verstoen a léisen ze kënnen". Dem Inneminister Léon Gloden huet hie virgeworf, onéierlech ze sinn, well dee behaapte géing, hien hätt déi Donnéeën net.

D'ADR wëll, nieft de Statistiken, och egal ewéi elo schonn, datt Leit, déi kee Recht hunn, hei am Land ze sinn, ausgewise ginn, méi Plaz am Retentiounszenter an eng Comparution immédiate – also eng méi séier Prozedur - bei Widderhuelungstäter.

Cash an d'Verfassung, méi Deputéierter an der Chamber

Ewéi d'AfD fuerdert d'ADR dann, datt Boergeld an d'Verfassung ageschriwwe gëtt. Hiren Deputéierten Dan Hardy huet un d'Pann bei Luxtrust am Dezember d'lescht Joer erënnert, ewéi 24 Stonne laang keng digital Payementer gaange sinn. Hien huet betount, datt d'ADR net géint digital Moyenen ass, mee Boergeld just gesetzlech soll dierfe limitéiert ginn. Un d'aktuell Limitt vun 10.000 Euro Cash, déi een dierf bei sech hunn, wéilt een net goen, "dat huet jo indirekt ze dinn, bon gëtt ëmmer gesot, mam Schwarzgeld".

D'ADR fuerdert dann och, datt d'Zuel un Deputéierten an der Chamber eropgesat gëtt, well den Ost-Bezierk ënnerrepresentéiert ass, a wéinst dem Ongläichgewiicht tëscht der Oppositioun an der Majoritéit. De Fred Keup huet bemierkt, datt déi gréisst Oppositiounspartei – aktuell d'LSAP – manner Deputéierter (13) huet ewéi d'Regierung Ministeren (15). Méi Mataarbechter fir Deputéierter wier och eng Pist, esou den ADR-Fraktiounschef, deen dann awer och op d'Ënnerrepresentatioun vun Oppositiounsvertrieder an de Gemengeréit higewisen huet.

D'ADR-Deputéiert Alexandra Schoos huet bei de Sozialkeesen, déi ënner finanziellem Drock si, méi Effizienz gefuerdert, iert Bäiträg an d'Luucht gesat ginn. Fir den Deputéierte Michel Lemaire misst an der Landwirtschaft d'generationell Iwwerdroung méi ënnerstëtzt, a Virschrëften op de Leescht geholl ginn, fir de Baueren et ze erméiglechen, produktiv ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO