Neijoerschpatt um CentsADR gëtt sech fir 2026 fënnef grouss Prioritéiten

Claudia Kollwelter
"Eng ADR, déi nolauschtert, déi konsequent bleift, net schwätzt fir Schlagzeilen, mee fir Resultater an eng ADR, déi géint de Stroum schwëmmt, och wann et dacks onbequeem ass."
Neijoerschpatt ADR
Partei gëtt sech fir 2026 fënnef grouss Prioritéiten

Dat kéint ee sech der Parteipresidentin no am Joer 2026 vun der ADR erwaarden. Dat huet d’Alexandra Schoos um Mëttwoch den Owend um Neijoerschpatt vun der Partei am Schwaarzen Haus um Cents betount.

“Probleemer musse mam Numm genannt ginn!”

2025 wier e Joer mat villen Erausfuerderunge gewiescht, notamment a Punkto Wunnengsnout, dem Gesondheets-, Pensiouns- a Schoulsystem, mee och der internationaler Onrou, huet d’Presidentin vun der ADR ënnerstrach. Et hätt een ni gesot, datt ee fir all Problem eng Zauberformel hätt, mee et hätt een d’Problemer mam Numm genannt a seriö politesch Léisunge proposéiert a gefuerdert.

5 grouss Prioritéite fir 2026

Fir d’neit Joer huet d’Alexandra Schoos fënnef grouss Felder ervirgehuewen, op déi d’ADR sech 2026 konzentréiere wëll. Dozou gehéieren wéi och schonn zejoert d’Renten an d’Generatiounsgerechtegkeet. Et wéilt een eng Léisung, déi finanziell ze droen ass, sozial gerecht, nohalteg a politesch éierlech wier.

Beim Logement an de Liewenskäschten da misst de Wunnraum erëm e realistescht Zil fir d’Leit ginn. 2025 wier e Joer vu Reformen a Mesurë gewiescht, déi eleng géifen awer keng Wunnenge bauen. Et géif elo duer goe mat den Annoncen an Zäit fir Resultater, esou d’Alexandra Schoos.

Investissementer wënscht sech d’ADR dann och a Punkto Bildung, Sprooch a Chancëgläichheet. Et géif net duergoen, datt an d’Strukturen investéiert gëtt, et misste Wäerter vermëttelt an Integratioun méiglech gemaach ginn. De Projet Alfa wier eng zousätzlech Belaaschtung, sou d’Parteipresidentin an dat wier onverantwortlech.

Bei der véierter Prioritéit, der Sécherheet an dem Rechtsstaat, ass et der ADR wichteg, datt d’Police déi richteg Moyene kritt, ouni awer zu engem Iwwerwaachungsstaat ze ginn.

Déi lescht Prioritéit ass eng gerecht Steierreform, déi de Familljemodell wäertschätzt. D’ADR gesäit an der Steierreform, déi en Dënschdeg presentéiert ginn ass, e Gesellschaftsmodell, an deem d’Eltere gezwongen oder encouragéiert ginn, hir Kanner a Strukturen ofzeginn, fir schaffen ze goen, well se soss net iwwer d’Ronne kommen. Dat kéint een net ënnerstëtzen, sot d’Alexandra Schoos nach.

Back to Top
CIM LOGO