An der StadAffer vun zwou Persounen ugerempelt an Handy geklaut kritt

Jeff Birsens
En Dënschdeg den Owend gouf der Police en Déifstall mat engem astudéierten Trick an der Stad gemellt.
© Laurent Weber

Op der Héicht vun der Place Guillaume war eng Persoun vun zwee Täter ugerempelt ginn a krut dobäi den Handy geklaut. Dem Affer war dat awer réischt kuerz drop opgefall. Eng Sich vun de Beamten hat kee Succès. D’Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

En Dënschdeg gouf och nach op zwou Plazen agebrach. Um fréien Owend hate sech Täter iwwer d’Terrass Zougang an eng Wunneng vun engem Méifamilljenhaus verschaaft an dobäi Boergeld a Bijoue geklaut. Méi spéit am Owend gouf dann nach an een Eefamilljenhaus an der Rue de la Maragole zu Lamadelaine agebrach. Zwee Täter waren hei duerch eng Fënster erakomm, wou si awer vun der Bewunnerin iwwerrascht goufen. Si hu Bijoue matgeholl an hu sech doropshin duerch d’Bascht gemaach. A béide Fäll konnten d’Abriecher net fonnt ginn.

Alkohol um Steier

An der Nuecht op e Mëttwoch goufen et dann nach zwee Fäll vun Alkohol um Steier. Géint 1.25 Auer e Mëttwochmoien waren d’Polizisten op en Auto an der Avenue de la Gare opmierksam ginn, deen op der Busspuer ënnerwee war an iwwert eng Rout Luucht gefuer ass. Den Auto gouf ugehalen an en Alkoholtest beim Chauffer ass positiv verlaf.

Géint 3.10 Auer war dann en Auto op der Héicht vun der Kräizung Route d’Arlon mat der Rue Henri Kirpach immens lues ënnerwee. Obwuel de Chauffer opgefuerdert gouf, stoen ze bleiwen, ass en ufanks nach weider gefuer. Wéi e schlussendlech ugehalen huet, war och hei den Alkoholtest positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO