Ëmmer méi TëschefällAggressioune gehéieren am CHEM antëscht zum Alldag

Monica Camposeo
An de leschte Jore koum et am CHEM ëmmer méi dacks zu Aggressioune géint d'Spidolspersonal.
Aggressioune gehéieren am CHEM antëscht zum Alldag
An de leschte Jore koum et am CHEM ëmmer méi dacks zu Aggressiounen géint d’Spidolspersonal.

Viru ronn dräi Wochen huet am CHEM d’Police misse geruff ginn, well eng aggressiv an arméiert Persoun gemellt gi war. Och wa sech de Virfall als Feelalarm erausgestallt huet, wier aggressiivt Verhalen am Spidol antëscht zum Alldag ginn, seet de Julien Carpentieri, Chef Service vun den Urgencen. Besonnesch a sengem Service kéim et bal all Dag zu Virfäll. Zwou Infirmièren, déi bereet waren, virun der Kamera auszesoen, berichten iwwer negativ Erfarungen, souwuel an den Urgencen, wéi och an anere Servicer. D’Lindsay denkt do besonnesch un eng alkoholiséiert Fra, déi direkt vun e puer Leit vum Personal huet missen en Charge geholl ginn, well si aggressiv an och handgräiflech war. Well et och an der virtueller Welt zu Harcèlementer géintiwwer dem Spidolspersonal komm wier, wëllen déi jonk Infirmièren hire Familljennumm net an eisem Reportage gesinn. Nom Tëschefall mat der alkoholiséierter Fra hat d’Lindsay iwwert eng Woch laang en Hematom um Aarm. Déi Kéier huet och d’Police misse geruff ginn.

An der Reegel kéinten déi allermeeschte Fäll awer intern geréiert ginn. Mee och wann Aggressioune mëttlerweil zum Alldag dobäi gehéieren, dierften se net normaliséiert ginn. Och dowéinst géing d’Personal encouragéiert ginn, all Tëschefall ze mellen, erkläert Stessy. Si schafft zanter 5 Joer an den Urgencen am CHEM. Och si huet scho souwuel verbal, wéi och physesch Gewalt erlieft. Bei enger brenzeleger Situatioun kann d’Spidolspersonal eng Zort Noutfallknäppchen drécken. Da ginn automatesch d’Servicer, déi net wäit fort sinn, kontaktéiert, esou wéi och d’Sécherheetspersonal fir d’Situatioun ze deeskaléieren. Dacks kéint d’Lag da schonn entschäerft ginn.

© Jill Wagner

Dësen “Noutfallknäppchen” gouf vu Januar bis Enn Oktober dëst Joer am ganzen Escher Spidol, also net just an den Urgencen, 410 Mol gedréckt. 2023 goufen et 250 esou Interventiounen a wärend der Pandemie an engem Joer mol keng 100. Besonnesch an de leschten zwee bis dräi Joer hätt sech d’Situatioun also däitlech verschlechtert. Vill Patienten oder hir Famill wiere méi ongedëlleg, huet de Julien Carpentieri, Chef Service vun den Urgencen, bemierkt. Hie präziséiert, dass d’Grënn fir eng Eskalatioun ganz verschidde kënne sinn. Sief et d’Waardezäit, mee och d’Péng kënnen zu aggressiivem Verhale féieren. Dobäi kommen awer besonnesch nuets och den Alkohol oder aner Droge mat an d’Spill.

Vun de 410 Alarmen, déi dëst Joer ausgeléist goufen, well d’Personal Hëllef gebraucht huet, goufe bis Enn Oktober 67 Aggressiounen tatsächlech intern deklaréiert. Déi schlëmmste Fäll sinn déi, bei deenen déi betraffe Persoun eng Zäit laang net méi schaffe kann.

D’Direktesch vun de Ressources humaines, d’Patrizia Ascani, betount, dass déi betraffe Leit dacks net just kierperlech Blessuren erleiden, mee virun allem och psychescher. Si erënnert sech un e Fall, bei deem d’Persoun op en anere Site vum Spidol huet misse wiesselen, well si sech soss op der Aarbecht net méi wuel gefillt huet. Dëst Joer wiere bis ewell dräi Aarbechtsaccidenter registréiert ginn, mat am Ganzen 175 Deeg, op deenen déi Persoune krankgemellt waren.

Wärend dem Suivi no engem Tëschefall gëtt dem Personal dowéinst och eng psychologesch Hëllef ugebueden. Nieft dësem Suivi wéilt d’Spidol awer och de Fokus op d’Präventioun leeën. Sief et mat Formatiounen zum Krisemanagement, wéi och mat Simulatioune fir an der Ekipp den Eeschtfall ze trainéieren.

Back to Top
CIM LOGO