Police hat eng arméiert Persoun gemellt kritt


















Zu Esch-Uelzecht gouf et e Méindegmoien e gréissere Policeasaz beim Escher Spidol, nodeems eng arméiert Persoun gemellt gi war, déi an d'Gebai era wéilt.
Wéi mir vun der Plaz gemellt kruten, stoungen op allen Ecke Polizisten, déi deels mat Maschinnegewierer arméiert waren. Den Trafic zu Esch war deementspriechend och perturbéiert.
Wéi de Generaldirekter vum CHEM, den Dr. René Metz, eis erkläert huet, war bei der Police eng Warnung agaangen, datt eng Persoun mat enger Waff an d'Spidol era wéilt. Deementspriechend hätt d'Police en Dispositif bei d'Klinik geschéckt, fir de Site zouzemaachen. Den Asaz wier dem Generaldirekter no bannent enger gudder Stonn eriwwer gewiescht.
Och d'Police confirméiert, datt ee géint 7.15 Auer doriwwer informéiert gi wier, datt "eng Persoun am CHEM e puer Aussoen am Bezuch op méiglech Strofdote gemaach hätt". Sécherheetshallwer hätt een dowéinst sëllege Policeunitéiten op d'Plaz geschéckt, fir d'Aussoen ze iwwerpréiwen, déi allerdéngs net konnte confirméiert ginn. D'Police preziséiert iwwerdeem, datt et zu kengem Zäitpunkt eng Gefor fir d'Bevëlkerung gouf. Géint 9 Auer wier den Asaz komplett eriwwer gewiescht. Weider Moossname wéinst dem Feelalarm wieren an d'Weeër geleet ginn.
Verschidden Aenzeie soten RTL géintiwwer, dass et kuerz no 7 Auer schonn eng gewëssen Hektik am Spidol gouf. D'Patiente goufe gebieden, séier eran an eraus ze goen. Detailer kruten d'Leit zu deem Ament awer keng.
Den Dr. René Metz huet och nach betount, datt ee constatéiert, datt et ëmmer méi dacks zu Virfäll mat arméierte Persoune bei Spideeler kéim. Deemno misst ee wuel an Zukunft Simulatioune mat der Police organiséieren, fir d'Koordinatioun nach besser ze maachen. Och wann dës dem Dr. René Metz no e Méindeg de Moie gutt geklappt hätt.