
Den Ament ginn et effektiv méi laang Waardezäite fir Echographien op den dräi Sitte vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch. Dat confirméiert d’Santésministesch Deprez an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. Et geet vun Delaie vun op d’mannst sechs Woche rieds.
Grond wier eng rezent Reduktioun vun der Offer duerch organisatoresch a strukturell Adaptatiounen am CHEM. Et géif awer dru geschafft ginn, d’Situatioun nees séier ze verbesseren. Dréngend Ënnersichunge géinge weiderhin direkt gemaach ginn.