D'Majoritéit huet d'Ried zur Lag vun der Natioun gelueft, d'Oppositioun huet se kritiséiert. Gewerkschaften a Patronat hale sech - virun der nationaler Tripartite - bedeckt. An hoffen op Léisungen an der Dräierronn.
Mir analyséieren e Mëttwoch de Moien d'Ried aus sozial-ekonomescher Vue mat der Aline Muller, si ass d'Generaldirektesch vum Fuerschungsinstitut LISER.
Hätt ee sech net méi am Logement kënnen erwaarden? Sinn d'Mesurë géint d'Aarmut effikass? Geléngt dës Kéier de Sozialdialog? A wéi ass et mat dem "Mateneen" zu Lëtzebuerg? D'Cheffin vum LISER Aline Muller ass um 8 live eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.