Zwee Chauffere waren opfälleg ginnAlkohol an Drogen um Steier

RTL Lëtzebuerg
An der Stad an zu Bartreng hat d'Police en Dënschdeg den Owend mat Automobilisten ze dinn, déi sech net un de Code de la route gehalen haten.
© Domingos Oliveira

Géint 20 Auer war zu Bartreng enger Patrull e Gefier opgefall, dat iwwert eng Verkéiersinsel gefuer war. Kuerz drop gouf den Auto op der N34 gestoppt. Den Drogentest vun der Automobilistin war positiv an et gouf e Protokoll geschriwwen.

Bësse méi spéit, géint 21.30 Auer, war am Beräich vun der Stater Gare e Chauffer duerch seng geféierlech Fuerweis opgefall. Nodeems en e puermol opgefuerdert gi war, stoen ze bleiwen, konnt den Automobilist an der Rue Joseph Junck gestoppt ginn. Den Alkoholstest war positiv, an e provisorescht Fuerverbuet gouf doropshin ausgestallt.

Am Laf vu de fréie Moiesstonne krut d’Stater Police dann nach en Iwwerfall an der Rue d’Epernay gemellt. Éischten Informatiounen no war e Mann vun zwee Täter attackéiert ginn a krut vun hinnen den Handy geklaut. D’Ermëttlunge goufen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO