UewerkuerAlkoholiséierte Chauffer mëssuecht Verkéiersreegelen a baut eng Rei Accidenter

RTL Lëtzebuerg
Zu Uewerkuer huet en alkoholiséierte Chauffer e Sonndegmëtteg direkt e puer Accidenter verursaacht.
© Laurent Weber

E Sonndegnomëtteg géint 16:45 Auer ass et an der Rue Pierre Martin zu Uewerkuer zu engem Accident komm, bei deem direkt e puer Autoe beschiedegt goufen. Een Automobilist war hei an déi falsch Richtung vun engem Sens unique agebéit an do mat engem aneren Auto, deen entgéint koum, aneneegerannt. Wéi et vun der Police heescht, hätt de Mann duerno probéiert, hannerzeg fortzefueren, huet dobäi awer dräi weider Autoen, déi geparkt waren, beschiedegt. Wéi sech rausstelle sollt, war de Mann alkoholiséiert an och e Fuerverbuet louch scho géint hie vir.

Ëm déi selwecht Zäit gouf der Police tëscht Dippech a Bartreng dann nach en Auto gemellt, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war an dobäi dacks staark ofgebremst huet an och ëmmer nees op déi falsch Säit vun der Strooss geroden ass. Eng Patrull vun der Police konnt de gemellten Auto an och de Chauffer kuerz drop op senger Adress untreffen. De Mann, bei deem däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum ze gesi waren, huet sech du verweigert, een Alkoholtest ze maachen. Weider huet hie sech net kooperativ gewisen a gouf schlussendlech fir d'Ausniichterung an den Arrest bruecht. Donieft gouf et e Fuerverbuet.

Um fréie Méindegmoien géint 2:10 Auer hat dann een Auto op der Route d'Arlon zu Kapellen eng Rout Luucht ignoréiert a wier dobäi bal mam Policeauto kollidéiert. Och hei goufe bei der Kontroll kloer Unzeeche vun Alkoholkonsum festgestallt, den Test huet dat duerno confirméiert. E Fuerverbuet gouf geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO