Aus dem Police BulletinAlkoholiséierten Automobilist, Iwwerfall um Cents an eng sëllege Streidereien

RTL Lëtzebuerg
Um fréie Samschdeg de Moie gouf der Police een Iwwerfall um Cents gemellt.
© Laurent Weber

Zwee Täter si bei zwee Männer gaangen an hunn eent vun den Affer geschloen, ier se him eng Luxusauer an ee gëllene Bracelet geklaut hunn. Dat zweet Affer gouf och mat der Fauscht geschloen an him gouf den Handy geklaut. Béid Täter sinn doropshi geflücht. D’Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet, heescht et vun der Police.

Tëscht e Freideg den Owend 22 Auer an e Samschdeg de Moie 6 Auer goufen et uechter d’Land dann och nach eng 30 Fäll vu Sträit oder Kaméidi, bei deenen d’Police huet missen aschreiden. An de meeschte Fäll hat sech d’Situatioun allerdéngs scho berouegt, wou d’Beamten op d’Plaz koumen, respektiv d’Situatioun konnt op der Plaz gekläert ginn.

D’Police mellt dann och nach de Fall vun engem Auto, deen um fréie Samschdeg de Moien op der A13 en panne stoung. Wou d’Beamten op d’Plaz koumen, ass hinnen opgefall, datt de Chauffer warscheinlech alkoholiséiert war. En Alkoholtest huet dat confirméiert an et huet sech iwwerdeems och nach erausgestallt, datt de Chauffer u sech scho guer kee Fürerschäi méi hat. Op Uerder vum Parquet gouf also den Auto saiséiert.

Am Lokale mellt de CGDIS dann och nach ee Verkéiersaccident e Samschdeg de Moie fréi tëschent Uewerfeelen a Mäerzeg. Géint 5 Auer war do en Auto accidentéiert an eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO