
Op der Héicht vun der Kierch an der Gaasperecher Strooss hätt e Mann éischten Informatiounen no versicht, eng Fra mam Auto unzestoussen. Si hätt kënne mat Zäiten op d'Säit sprangen a wier net verwonnt ginn.
Eng Policepatrull huet de gemellten Automobilist virfonnt, deen däitlech gedronk hat. En Test war positiv an op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl souwéi de Won, op deem keng valabel Assurance war, séchergestallt. Well de Mann ënnert dem Afloss vun Alkohol gefuer ass, krut hien e Fuerverbuet an hat schonn den Dag drop e Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.