Op Uerder vum ParquetAlkoholkontrollen zu Tandel, Méischtref a Gilsdref - 2 Fürerschäiner agezunn

Andy Brücker
Een Automobilist huet mussen 250 Euro bezuelen, well en den Handy hannert dem Steier benotzt huet.

An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg huet d’Police op Uerder vum Parquet eng gréisser Alkoholkontroll am Éislek gemaach. Si hu sech zu Tandel and er Veianerstrooss, zu Méischtref an der Route de Diekirch an zu Gilsdref an der Rue du Pont opgestallt, fir d’Automobilisten ze kontrolléieren.

Alles an allem hunn 172 Automobiliste mussen en Otemtest maachen, och wann et keen Indice gouf, dass se eppes gedronk hätten.
A 4 Fäll war den Test positiv ouni grouss Konsequenzen, ausser engem Protokoll. An zwee war den Taux allerdéngs sou héich, dass de Fürerschäin nach op der Plaz agezu gouf.

Dobäi kommen dann nach Protokoller, well ee Chauffer ënnert dem Afloss vun Droge stoung, iwwerdeem een aneren 250 Euro huet musse bezuelen, well en den Handy hannert dem Steier benotzt huet.

Soss uechter d’Land

Zu Rodange ass um Sonndeg géint 3.30 Auer en Automobilist opgefall, well en am Zickzack ënnerwee war, e Stoppschëld ignoréiert huet a kee Winker gesat huet. Den Auto gouf gestoppt an de Chauffer kontrolléiert. Dee war allerdéngs alles anescht wéi kooperativ an huet éischter provozéiert. Den Alkoholtest ass dann och ouni Iwwerraschung positiv ausgefall an de Fürerschäi gouf agezunn.

Zu Esch gouf um Sonndeg de Moie géint 7 Auer eng aggressiv Persoun am Centre Hospitalier Emile Mayrisch gemellt. Eng Policepatrull huet d’Persoun an der Salle d’attente ugetraff, wou déi haart gejaut huet. Et war zimmlech séier kloer, dass Alkohol am Spill wier an d’Poliziste konnte d’Persoun berouegen an iwwerzeegen, d’Spidol ze verloossen. Et war awer net fir laang, well kuerz drop war se nees do. Et ass de Beamten näischt anescht iwwereg bliwwen, wéi se mat an de Passagearrest ze huelen.

Back to Top
CIM LOGO