Silvesternuecht weltwäitAll Guddes am neie Joer 2026

RTL Lëtzebuerg
Déi ganz RTL-Ekipp wënscht e schéint neit Joer🎆🎇
© RTL

E gutt neit Joer, vill Gesondheet a vill Gléck: Am Moment, wou mir voll a ganz an dat neit Joer eran trieden, denkt een un d’Leit ronderëm a wënscht hinnen alles Guddes. Merci op alle Fall fir d’Suivéieren, d’Liesen an d’Nolauschtere vun der ganzer Ekipp vun RTL!

Ronderëm de Planéit gouf 2026 mat Feierlechkeeten an anere Spektakele begréisst. Den Himmel vun der Silvesternuecht mat enger faarweger Geschicht liichten doen oder einfach mat “Son et Lumière"-Budget uginn. Et war fir jiddereen eppes derbäi.

Dacks och mat Freedefeieren, ma net ëmmer: Hongkong huet dat neit Joer ouni dat traditionellt Freedefeier iwwer dem Victoria-Hafen begréisst. Amplaz gouf eng grouss Countdown-Manifestatioun mat Liichtinstallatiounen a Sängeroptrëtter organiséiert. Op d’Freedefeier gouf aus Respekt virun den Affer vun der Brandkatastroph verzicht, bei där Enn November 161 Mënsche gestuerwe waren.

Mee loosse mer den Tour virop ufänken op der anerer Säit vun der Welt.

Australien

Freedefeier fir dat neit Joer zu Sydney an Australien
Weltwäit gëtt 2026 begréisst.

Neiséiland

Freedefeier zu Wellington an Neiséiland
Um 12 Auer Lëtzebuerger Zäit ass Neiséiland als ee vun den éischte Länner an dat neit Joer gerutscht

Taiwan

Neit Joer an Taiwan
2026 ass an Taiwan ukomm.

Hongkong

Hongkong am Freedefeier fir 2026
Dat neit Joer gouf och zelebréiert an Hongkong.

Thailand

Zu Bangkok war et een massiivt Freedefeier
An Thailand ass ee schonn am neie Joer.

Arabesch Emirater

Spektakuläert Freedefeier zu Dubai um héchste Gebai vun der Welt
2026 ass och zu Dubai schonn agelaut.

China

Museks- a Luuchtespektakel bei der Grousser Chineesescher Mauer zu Peking
2026 gouf a China mat groussem Zeremoniell begréisst.

Kenia

Zu Nairobi a Kenia gouf d'Joer mat Freedefeier ugefaangen.
An Afrika war et an der Haaptstad vum Kenia e Freedefeier iwwer dem héchste Gebai.

Katar

A Katar war et och e Freedefeier mat enger grousser Show zu Doha
2026 gouf mat groussem Spektakel empfaangen.

Griiecheland

Hei d'Freedefeier iwwer Athen
Griicheland huet 2026 mat ville Knupperte begréisst.

Frankräich

Op de Champs Elysées zu Paräis gëtt gefeiert - mat Freedefeier
Impressionnant Kuliss an der franséischer Haaptstad

Back to Top
CIM LOGO