Den Aarbechtsministère an de Sportsministère kréien en Donneschdeg nei Locatairen. De Marc Spautz kritt vu sengem Virgänger Georges Mischo de Schlëssel vum Aarbechtsministère an d’Martine Hansen kritt dee vum Sportsministère. Den CSV-Nationalrot huet e Mëttwoch den Owend unanime fir dës Propose vum Parteipresident a Regierungschef Luc Frieden gestëmmt. Déi chrëschtlech Sozial brauchen awer och en neie Fraktiounspresident. Déi Funktioun iwwerhëlt de Beetebuerger Député-Maire Laurent Zeimet an domadder kritt d’CSV och hiren éischten Diva-Manager.
Dat ass keen Titel, deen d’Presse sech ausgeduecht huet, mä een deen de Laurent Zeimet sech a sengem éischten Interview als Fraktiounspresident selwer ginn huet, wéi hie gesot huet, deen neie Poste wier sécher eng Erausfuerderung.
“Ech hunn dat och bei menge Kolleege gesot, ech kennen se jo a mir hunn elo och schonn zwee Joer zesumme geschafft an der Fraktioun, et sinn 20 staark Charakteren, all Politiker ass och heiansdo eng Diva an de Fraktiounschef muss dat natierlech managen, also ass een och bëssen Diva-Manager souzesoen an et ass natierlech an där Situatioun, wou mer elo sinn, musse mer eis dru ginn.”
Esou Aussoe gefalen dem Parteipresident Luc Frieden. Hie felicitéiert der Fraktioun fir hir Decisioun a betount, wéi wichteg d’Zesummenaarbecht mam Fraktiounspresident ass.
“Eng Regierung brauch, fir d’Gesetzer duerch d’Chamber ze kréien, eng gutt Kooperatioun mat der Fraktioun an ech mengen de Laurent Zeimet, deen och op Grond vu senger Ausbildung als Affekot, en huet och als Journalist geschafft, sengem breede Wëssen, senger Kompetenz, déi en an der Chamber och ëmmer erëm beweist ass dat en ideale Choix.”
De Chef hat nawell vill Luef iwwereg. Och fir deen neie Member an der Regierung Frieden-Bettel. Den zukünftegen Aarbechtsminister Marc Spautz - hie gëtt eréischt um 11 Auer vum Grand-Duc vereedegt - seet, säin neie Poste wier eng grouss Erausfuerderung, mä hie wier optimistesch, datt hien de Sozialdialog géif relancéiert kréien, dat géif allerdéngs net vun haut op muer goen.
“Et ass ganz schwiereg, wann der mat deenen engen an deenen anere bilateral musst verhandelen. Et ass méi einfach dat dono an engem Grupp ze maachen. Mir musse probéieren all déi Schwieregkeeten, déi elo do waren am Gespréich ze léisen. Ech sinn der Meenung, et soll ee matenee schwätzen an net nëmmen iwwerteneen. Dat hëlleft sécherlech, dat mer dat elo erëm relancéiert kënne kréien.”
Och fir d’Ministesch Martine Hansen goufen et Blumme vum Chef. An der Landwirtschaft hätt ee gesinn, datt si eng Fra wier, déi mat Passioun un d’Sujete géif dru goen an de Luc Frieden ass sech sécher, datt si dat selwecht och am Sport mécht. D’Martine Hansen selwer seet si hätt nach Energie iwwereg.
“Ech hunn elo dräi Ressorten an ech well an deenen dräi Ressorten alles ginn, mäi Bescht. Ech hu gesot, ech hunn Ausdauer, do huet de Sport mer scho gehollef an déi Ausdauer wäert mer och hei hëllefe fir déi dräi Tâchen, an et sinn dräi wichteg Ministèren, fir déi zum Beschten ze maachen. Ech wäert alles ginn.”
Fir de Luc Frieden bedeit dat, datt een no engem Joer dat bësse méi turbulent gewiescht wier, gutt an dat neit Joer starte kann.