CSV-NationalrotSpautz an Hansen unanime nominéiert, Zeimet gëtt Fraktiounspresident

Jeannot Ries
Den Nationalrot vun der CSV huet e Mëttwoch den Owend iwwer d'Nominéierunge vum Marc Spautz als Aarbechtsminister an der Martine Hansen als Sportministesch ofgestëmmt.
Spautz an Hansen unanime nominéiert, Zeimet gëtt Fraktiounspresident
Den Nationalrot vun der CSV huet e Mëttwoch iwwer d’Nominéierunge vum Marc Spautz als Aarbechtsminister an der Martine Hansen als Sportministesch ofgestëmmt.

Um 18 Auer e Mëttwoch koum den CSV-Nationalrot zesummen. D’Partei-Membere vum CSV-Nationalkommitee, d’Bezierkskommiteeën, d’Deputéiert a Vertrieder vun Ënnerorganisatioune ginn ëmmer da convoquéiert, war fir d’Partei entscheedend Decisioune geholl muss ginn. E Mëttwoch hu si gréng Luucht gi fir d’Regierungsëmbildung. Zu Stroossen am Centre Barblé war den CSV-Nationalrot beieneen, fir no der Demissioun vum Georges Mischo personell Decisiounen ze huelen. De Gremium mat ronn 100 Leit huet unanime de Feu vert gi fir de Marc Spautz als Aarbechtsminister. D’Martine Hansen gouf och unanime als Sportministesch nominéiert.

Gréng Luucht vun CSV-Nationalrot fir Nominatioun vu Marc Spautz a Martine Hansen
E Mëttwoch den Owend gouf am CSV-Nationalrot iwwer d’Nominatioun fir d’Successioun vum Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo ofgestëmmt.

Well de Marc Spautz bis ewell CSV-Fraktiounspresident war huet och do d’Successioun misste gekläert ginn. Do gouf an enger Fraktiounssëtzung d’Kandidatur vum Beetebuerger Député-Maire Laurent Zeimet ugeholl, mat grousser Zoustëmmung, wéi et an engem Communiqué vun der Fraktioun heescht. Eisen Informatioun no war de Vott hei net unanime.

De Jeannot Ries war fir eis op der Plaz an huet mat den neie Ministere fir d’Ressorten Aarbecht a Sport geschwat.

De Marc Spautz huet ënnert anerem verroden, datt den Telefon schonn e Sonndeg bei him geschellt hätt. Viru senger Zouso un de Premier hätt hien awer fir d’éischt mat senger Fra geschwat, well et fir hie wichteg wier, “datt een do och de Partner mat abënnt”. Scho virun 10 Joer war de Marc Spautz fir d’CSV als Familljeminister agesprongen. Den Aarbechtsministère wier duerch déi aktuell ekonomesch Situatioun an de sozial Dialog eng aner Erausfuerderung, betount de laangjärege Politiker. No der Nominatioun vum Marc Spautz waren d’Reaktioune praktesch unanime positiv, an awer ännert sech mat der Plaz op der Regierungsbänk och d’Roll vum Politiker. Kann een do nach esou seng Meenung soen, wéi een et virdru gemaach huet? Fir de Marc Spautz wier et kloer de Plang dat, wat am Koalitiounsaccord steet, ëmzesetzen. “Wéi mir do op déi Resultater kommen, dat ass all Kéier de jeeweilege Regierungsmemberen iwwerlooss. Et ass ebe just, datt d’Endresultat muss sinn, wat stëmmt. An do sinn ech zouversiichtlech, dass ech et kann diskutéieren, souwuel mat de Gewerkschafte wéi och mat de Patronen a mat de Betriber, well ech awer déi Kontakter hat duerch meng fréier Aufgaben, déi ech gemaach hunn.”

D’Martine Hansen kritt nieft der Landwirtschaft, Ernärung, Wäibau a Konsumenteschutz elo nach de Sport dobäi. Mat dräi wichtege Ressorte géing et elo fir d’Martine Hansen “e bësse méi sportlech”, wéi si et selwer beschreift, ma si hätt “Ausdauer an ech wäert och an dësem Ressort am Sport mäi Bescht maachen”. Op d’Fro, ob de Sportmusée elo komplett vum Dësch ass, sot d’Ministesch Hansen, datt si den Dossier analyséiere wäert. Ma de Sportministère wier “vill méi wéi de Sportsmusée, wou et u sech d’Zil ass, datt mir de Sport fërderen. An dat ass eng vu menge wichtee Prioritéiten. An do schaffen ech dann drun”.

En Donneschdeg de Moien huet fir d’éischt den demissionäre Minister Georges Mischo Rendez-vous beim Grand-Duc, éier dono de Marc Spautz an d’Martine Hansen an hire respektive Funktioune vereedegt ginn.


Weider Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO