ËmweltmedezinAm Juli ginn d'Consultatiounen am CHEM lancéiert

Claudia Kollwelter
Da sollen d'Consultatiounen am Nidderkuerer Spidol ufänken. "Zil ass et, de Patienten de Wee esou einfach wéi méiglech ze maachen" esou d'Paulette Lenert.
Ëmweltmedezin
D’Konzept baséiert op 6 Pilieren. Dorënner fält zum Beispill d’Consultatioun vu Spezialisten.

De Parcours fir Ëmweltpatiente wier dacks ganz penibel, well hire Problem net ëmmer erkannt géif, esou d’Gesondheetsministesch. Dofir wéilt ee mat dësem Projet sensibiliséieren an orientéieren.

Am Nidderkuerer Spidol soll den nationale Service vun der Ëmweltmedezin am Juli mat de Consultatiounen ufänken. D’Prof. Dr An Van Niuewenhuyse vum Staatslabo an zwee Spezialiste vun der Uniklinik Leuwen wäerten dës assuréieren. Viséiert si virop Patienten, bei deenen Traitementer net uschloen, erkläert d’Prof. Dr Van Nieuwenhuyse.

D’Patiente kënne vun hirem Dokter iwwerwise ginn oder och op eegen Initiative eng Consultatioun am CHEM zu Nidderkuer ufroen. Do gëtt iwwerpréift, ob eventuell Substanzen doheem oder op der Aarbecht d’Ursaach vum Problem sinn. Spezialiséiert Analyse sinn dofir dacks noutwenneg, hei kënnt de Staatslabo an d’Spill. Ass d’Ursaach bis fonnt, d’Expositioun gestoppt, gëtt de Patient fir dat eigentlech Traitement zréck bei säin Dokter geschéckt.

Service gëtt a 6 Phasen opgebaut

Den nationale Service gëtt progressiv iwwer e puer Joer a 6 Phasen opgebaut. Patiente mat ganz schwéiere Kränkten wéi multipler chemescher Sensibilitéit oder chroneschem Middegkeetssyndrom beispillsweis wäerten awer réischt an enger spéiderer Phas kënnen encadréiert ginn. Elo wëll ee mol esouvill Betraffener wéi méiglech opfänken, Erfarungen opbauen a kucken, wat genee gebraucht gëtt.

Et soll och am Beräich vun der Ëmweltmedezin gefuerscht ginn. En drëtte wichtege Pilier ass d’Formatioun vun zukünftege Dokteren an der Ëmweltmedezin, grad esou wéi d’Weiderbildung vun etabléierte Medezinner, esou datt dës och potentiell Ëmweltpatienten erkennen. Vun der Rentrée un bitt d’Uni.lu hei entspriechend Coursen.

“clean units” kéinten awer kommen

D’Konzept vum nationale Service vun der Ëmweltmedezin wier mat e sëllegen internationalen Experten ausgeschafft ginn, ënnersträicht den Direkter vum CHEM.

Kritiséiert gouf den Dr René Metz jo vun Akut, dem Aktiounsgrupp fir Ëmwelttoxikologie an der Associatioun vun den Ëmweltmedezinner. Ënner anerem well hien d’Pläng vu sengem Virgänger fir sougenannt “clean units”, also Schuedstoff-fräi Zëmmere fir schwéier krank Ëmweltpatienten, gekippt hat. Dës sinn och am Regierungsprogramm 2018 virgesinn.

D’"clean units” stinn elo an der Phase 6. Am zweete Semester 2022 wëll ee sech mi konkret domadder befaassen.

“Dat ass e Projet, deen ass wichteg fir d"Lëtzebuerger Démarche... déi Terminologie huet eng Dimensioun kritt, mengen ech, déi e bëssen doriwwer erausschéisst, wat ee sech kéint drënner virstellen. Mä ech verstinn awer gutt déi Demande,” seet de CHEM-Direkter.

Bei Gespréicher mat den “Intervenanten” hätt sech e Konsensus erausgeschielt, datt dës Zëmmeren net an engem Akutspidol géif hikommen, mä an enger sougenannter Antenn. Wesentlech wier awer, datt Patienten an Ëmweltmedezinner elo hir Erwaardunge Punkto “clean rooms” géife matdeelen.

Back to Top
CIM LOGO