
All Joer analyséiert de Betrib, deen am Beräich vun de Wirtschaftsinformatiounen a Marketingdate spezialiséiert ass, d’Zuel vun de Faillitten hei am Land. D’lescht Joer goufen deemno 1.187 Faillitten gesprach.
Domat géing d’Zuel vun Entreprisen, déi zejoert hu missen zoumaachen, relativ stabel bleiwen, am Verglach mat eisen Nopeschlänner. An Däitschland beispillsweis ass d’Zuel vun de Faillitten ëm iwwer 8 Prozent eropgaangen, an der Belsch ëm bal 6 Prozent. De Secteur vun de Servicer wier weiderhin am dackste betraff, mat knapp 700 Insolvabilitéiten, 165 waren et der an der Constructioun. Ee Véierel vun de Betriber, déi zougemaach hunn, ware méi jonk méi fënnef Joer.
Creditreform mécht och en Ausbléck op dëst Joer a schwätzt vun enger Relance um Marché, déi sech erwaart géif, och duerch staatlech Hëllefen, virun allem fir kleng- a mëttelgrouss Betriber.