
An der Rue du Stade zu Schëffleng an an der Rue Albert Unden an der Stad sinn all Kéiers zwee Autoen net laanschtenee komm. Et ass kengem eppes geschitt.
Um Knuedler an an der Uelzechtstrooss zu Colmar-Bierg waren d’Rettungsekippe geruff gi wéinst Damp an engem Keller a wéinst engem Auto dee gebrannt huet. Och hei gouf kee verwonnt.