
Am Mäerz 2014 huet de liberale Staatssekretär fir Héichschoul André Bauler d‘Regierung op eegene Wonsch verlooss a gouf duerch de Marc Hansen ersat. Am Dezember 2015 huet d‘DP-Ministesch fir Logement a Kultur Maggy Nagel hir Demissioun era gereecht. Deemools hunn och de Marc Hansen am Logement an de Guy Arendt als Staatssekretär an der Kultur iwwerholl.
Nom Doud vum grénge Politiker Camille Gira, Staatssekretär am Ëmweltministère, ass de Claude Turmes am Mee 2018 op dee Posten nogeréckelt.
De Vizepremier a grénge Justizminister Felix Braz huet d‘Regierung aus gesondheetleche Grënn misse verloossen. Dat war am Oktober 2019. An der Suite gouf et gréissere Remaniement bei de grénge Regierungsmemberen. Den Henri Kox huet de Logement an d‘Défense iwwerholl, de François Bausch gouf Vizepremier an d‘Sam Tanson krut de Ressort Justiz.
Méi spéit an der Legislatur gouf et weidere personelle Changement: Den LSAP-Minister Etienne Schneider huet am Februar 2020 seng Demissioun era gereecht. De Franz Fayot gouf Wirtschafts- a Kooperatiounsminister. D‘Paulette Lenert huet de Volet Santé iwwerholl a gouf parallel delegéiert Ministesch fir d‘Sécurité Sociale. Den Dan Kersch huet dunn als Vizepremier iwwerholl.
Am Juli 2020 huet de gréngen Henri Kox vum François Bausch d‘Sécurité intérieure iwwerholl. De François Bausch huet awer seng aner Ressorte behalen.
Am Januar 2022 hunn den Dan Kersch, Romain Schneider a Pierre Gramegna d‘Koalitioun verlooss. Den LSAP-Politiker Georges Engel gouf Aarbechts- a Sportminister. Säi Parteikolleeg Claude Haagen huet d‘Landwirtschaft iwwerholl. D‘Yuriko Backes koum als Quereinsteigerin fir d‘DP an d‘Regierung eran an huet d‘Finanzen iwwerholl. D‘Paulette Lenert gouf Vize-Premierministesch.
Am Abrëll ass déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg zeréck getrueden. Si gouf op deem Poste vun der Joelle Welfring ersat.
LINK: Changementer an der Regierung: Georges Mischo demissionéiert, Marc Spautz a Martine Hansen iwwerhuelen
LINK: Liveticker - Remaniement an der Regierung: Éischt Reaktiounen um RTL-Mikro no der Demissioun vum Georges Mischo