Nodeems et an de leschten Deeg ëmmer méi Diskussioune ronderëm d’Personalie Georges Mischo gouf, hat de Luc Frieden um Méindeg de Moie kuerzfristeg eng Pressekonferenz aberuff. An dëser gouf matgedeelt, dass de Minister Mischo vu senge Posten demissionéiert. Fir d’Successioun goufen de Marc Spautz (Aarbecht) an d’Martine Hansen (Sport) proposéiert.