Changementer an der RegierungGeorges Mischo demissionéiert, Marc Spautz a Martine Hansen iwwerhuelen

Roy Grotz
D'Regierung kritt 2 Joer no de Walen en neit Gesiicht: den Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo war politesch net méi ze halen.
© RTL Grafik

De Premier Luc Frieden hat e Méindeg de Moien déi kuerzfristeg Annonce gemaach, datt de Minetter CSV-Politiker seng Demissioun eragereecht huet, déi de Grand-Duc e Méindeg de Moie matgedeelt krut.

De Luc Frieden huet vun engem “grave Moment” geschwat a wollt och net op eenzeg an eleng d’Reprochen am Dossier vum geplangte Sportsmusée um Site “Rout Lëns” verweisen, well hien “net all Elementer an där Affär géif kennen”.

De Successeur um Poste vum Aarbechtsminister gëtt den aktuelle Fraktiounschef Marc Spautz. De Ressort vum Sport iwwerhëlt déi aktuell Agrarministesch Martine Hansen, déi weider och hir politesch Regierungscharge behält. Vue, dass de Marc Spautz neien Aarbechtsminister gëtt, muss dann och eng nei Spëtzt vun der CSV-Fraktioun designéiert ginn, heescht et säitens dem Luc Frieden. Dat léich an den Hänn vun der CSV-Fraktioun. RTL-Informatiounen no kéint de Laurent Zeimet neie Fraktiounschef ginn.

Dës Decisiounen an de Remaniement vun der Regierung muss nach pro forma vun den CSV-Gremien e Mëttwoch ofgeseent ginn, sou datt de Marc Spautz an d’Martine Hansen schonn Enn dës Woch wäerten hir nei Portefeuillen iwwerhuelen.

De Luc Frieden virun der Presse (8.12.25)
Et kënnt zu Changementer an der Regierung. De Georges Mischo huet demissionéiert. De Marc Spautz gëtt Aarbechtsminister an d’Martine Hansen Sportministesch.

Wéi de Luc Frieden virun der Press sot, wier de Georges Mischo déi lescht Zäit op eng “blessant an onfair” Aart a Weis “attackéiert a kritiséiert ginn”, sou datt hie seng Aarbecht net méi grëndlech a sachlech konnt maachen. No engem laange Gespréich wier et e Sonndeg zur Decisioun komm, datt de Georges Mischo seng Demissioun areecht.

De Premier Frieden bedauert dee Schrëtt, mä rechent dem CSV-Kolleeg héich hunn, datt hien d’Amt iwwert seng Persoun stellt a seng politesch Chargen opgëtt.

Liveticker a weider Artikelen zum Sujet

Back to Top
CIM LOGO