Beetebuerg a BetzderAn de leschte Stonne goufen der Police direkt e puer Abréch gemellt

RTL Lëtzebuerg
A béide Fäll konnte sech d'Täter ewechmaachen, eng Sich ass ouni Resultat bliwwen.

Ënnert anerem koum et an der Nuecht op e Freideg an der Munnerefer Strooss zu Beetebuerg. Hei huet éischten Informatiounen no e bis ewell onbekannten Täter eng Fënster vun engem Geschäft ageschloen fir eranzekommen. Hei huet d’Persoun dunn no Wäertgéigestänn gesicht an huet ënnert anerem probéiert e Laptop matzehuelen, wärend deem e Kompliz virum Gebai d’Situatioun am A behalen huet. Wéi eng Patrull vun der Police ukoum, sinn d’Täter a Richtung vun engem Bësch geflücht. Eng grouss Sichaktioun, un där e puer Patrulle vun der Police involvéiert waren, ass negativ verlaf.

Kuerz Zäit méi spéit gouf dann e weideren Abroch an der Rue Wecker zu Betzder gemellt. Hei huet sech, éischten Informatiounen no, en onbekannten Täter Zougang an e Gastronomie-Betrib verschaaft, gouf allerdéngs dobäi vum Besëtzer iwwerrascht, sou dass den Onéierleche geflücht ass. Eng Sich nom Täter ass negativ verlaf. A béide Fäll lafen Ermëttlungen.

Back to Top
CIM LOGO