DiddelengAn der Bëschschoul léieren d'Kanner d'Natur op spilleresch Aart a Weis kennen

Christophe Hochard
Am Park Le'h zu Diddeleng ass och bei kalen Temperature moies am Bësch heiansdo schonn eng méi lass.
An der Bëschschoul zu Diddeleng
D’Natur entdecken, vum Alldag ofschalten a ganz niewebäi leieren d’Fauna an d’Flora ze respektéieren an ze schützen - dëst sinn d’Haaptziler.

D’Kanner aus dem 5. Schouljoer vum Deich ginn hei an d’Waldschoul. Si setze queesch iwwer de Site verspreet a lauschteren op d’Geräischer vun der Natur. Dës Aktivitéit ass een Deel vun der Wildnispädagogik.

D’Natur entdecken, vum Alldag ofschalten a ganz niewebäi leieren d’Fauna an d’Flora ze respektéieren an ze schützen - dëst sinn d’Haaptziler. Am sëtzen, ronderëm d’Feier, hunn d’Kanner sech opgewiermt a sech kennegeléiert.

Véier Mol d’Joer kommen d’Klassen aus den eenzele Schoule vun Diddeleng hei an de Bësch, fir eppes Spannendes a Neies z’erliewen. Jee no Joreszäit an Alter ginn d’Aktivitéiten ugepasst.

Zejoert am Hierscht huet et mat engem Pilotprojet an 11 Schoulklassen ugefaangen. Elo leeden dräi Mann Personal d’Geschécker vun der Wildnispädagogik. Schnëtzen, Lächer bueren. D’Zäit an der Natur vergeet ewéi am Fluch fir d’Kanner an de Faktor Spaass ass garantéiert.

Back to Top
CIM LOGO