ZolwerAn der Industriezon Gadderscheier gouf en Aarbechter liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Mataarbechter gouf mat sengem Ënnerkierper an enger Maschinn ageklemmt.
© RTL

An der Industriezon Gadderscheier zu Zolwer gouf schonn um Dënschdeg en Aarbechter an engem Betrib liewensgeféierlech blesséiert. Hie gouf mat sengem Ënnerkierper an enger Maschinn ageklemmt. No Éischt-Hëllef-Moossnamen op der Plaz gouf den 49 Joer ale Mann an eng Klinik bruecht. D’Spuresécherung vun der Police an d’Gewerbeinspektioun goufen op d’Plaz geruff. D’Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO