Neijoerschempfang vun der Stad Lëtzebuerg"An dorop hiewe mer eist Glas"

Diana Hoffmann
De Schäffen- a Gemengerot feiert seng antëscht 4.655 Mataarbechter am groussen Theater an der Stad.

De Groussen Theater beim Rond-Point Schuman an der Stad ass eng feierlech Kuliss. Hei lued de Schäffen- a Gemengerot gewéinlech am Ufank vum neie Joer an. Net fir eng grouss Opféierung, mee fir eng kuerz Ried vun der Cheffin Lydie Polfer an e Patt.

Bis d’Ried e Méinden am fréien Owend awer sollt lassgoen, sollt et e bëssi daueren. D’Glieser hu sech gefëllt mam Cremant “Ville de Luxembourg” souzesoen aus dem hauseegenen Domaine Neimënster. “Plopp, Plopp, Plopp” héiert een aus der Richtung Comptoire. De Gemengen- a Schäfferot begréisst zu deem Ament nach uewe bei der grousser Trap seng Gäscht. Eng 40 Minutte méi spéit trieden d’Member du geschlossen op de Podium virun hir Mataarbechter.

An der Ried vu 6 Minutten huet d’Lydie Polfer besonnesch déi gutt Aarbecht vun hire Mataarbechter gelueft. Si wier houfreg op d’Administratiounen, déi een an der Haaptstad hätt. “Et ass net fir näischt, dass mer international am leschte Joer sou dacks op super Plaze bei Klassementer gehuewe goufen”, huet d’Lydie Polfer ënnerstrach. Ënner anerem am Quality of Life Index, wier een op déi drëtt Plaz komm. Et wier schéin ze héieren, dass déi meeschte Leit sech géinge ganz wuel spieren. Och dass d’Chrëschtmäert zu deene schéinste vun Europa gewielt goufen, géing een als Luef gäre mathuelen. Mee et géing een och wëssen, dass een alles och nach kéint besser maachen an dorunner géing een zesumme schaffen.

Grouss Evenementer zejoert wieren dann den Trounwiessel, d’Luga, an d’Aperitourse gewiescht. Vill grouss Projete wéi d’Neiduerfer Bréck, d’Beggener Kläranlag, den Athletik-Stadion zu Hamm, de Projet de Loi fir den neie Service d’Hygiène an den Ausbau vum Tram géingen nach ustoen. Antëscht ass déi grouss Famill, vun där d’Lydie Polfer da geschwat huet, op 4.655 Mataarbechter gewuess. Wat der 220 méi si wéi nach ugangs 2024.

D’Lydie Polfer huet dann och nach d’Zerwisser vun der Police an dem CGDIS ervirgehuewen. “Ech sinn immens frou, dass de Chef vum CGDIS, de Paul Schroeder, do ass. An och Vertrieder vu Police, déi mer jo och ëmmer immens gäre bei eis hunn”, huet d’Buergermeeschtesch ënnerstrach. Si géingen de Bierger d’Sécherheet garantéieren, oder versichen, dat bescht ze maachen.

No de Gléckwënsch un d’Mataarbechter vun der Stad huet si dann hiert Glas mam Wäin an d’Luucht gestréckt. “An domat hiewe mer d’Glas. Mir maachen och nach eppes fir eis Musel”, sou d’Buergermeeschtesch. Am Hannergrond héiert een ee soen: “Fir déi puer, déi nach bleiwen.” Dorop sot d’Buergermeeschtesch an de Mikro: “Déi puer, déi nach wëllen, kënnen och nach e Glas drénken. A mir wëllen”. Dat wuel an Uspillung op den Dry January, eng Campagne vun der Regierung.

Back to Top
CIM LOGO