Trëtt 1. Januar a KraaftA Marathonsëtzung gouf Pensiounsreform vu Majoritéit ugeholl

Claude Zeimetz
Marlène Clement
D'Debatten um Krautmaart hunn d'Diskussiounen aus de leschte Méint erëmgespigelt.
© RTL

Pensiounsreform / De Reportage vum Marlène Clement

D’Debatten um Krautmaart hunn d’Diskussiounen aus de leschte Méint erëmgespigelt. D’CSV-DP-Majoritéit huet nach emol hire Consultatiounsprozess verdeedegt an erkläert, firwat ee schlussendlech op de Wee gaangen ass, fir de System just mëttelfristeg ofzesécheren. Ëmmerhin war de Message vun der Strooss am Summer méi wéi kloer.

D’Oppositioun hirersäits huet der Regierung virgehalen, mat Kapp duerch d’Mauer gaangen ze sinn an d’Generatioune géinteneen ausgespillt ze hunn. Verschidde Stëmmen hunn och bedauert, datt d’Reform net méi ambitiéis wier an den Erausfuerderunge vum System net gerecht géif ginn.

Als Rappel vum anere Joer un soll de reellen un de gesetzleche Pensiounsalter vu 65 Joer erugefouert ginn.

Fir d’Fréirent kënne mat 60 Joer ze huelen, geet d’Cotisatiounsdauer bis 2030 progressiv ëm 8 Méint erop.

D’Cotisatioune klammen jeeweils ëm 0,5% fir de Staat, den Employeur an den Employé.

An d’Leit sollen encouragéiert ginn, fräiwëlleg méi laang schaffen ze goen. Wien dat mécht, ka vun engem Steier-Abattement, also enger Entlaaschtung vu bis zu 750 Euro de Mount, dat heescht bis zu 9.000 Euro d’Joer profitéieren.

Vum 1. Januar un gëtt och eng progressiv Pensioun am Privatsecteur agefouert, déi ee mam Accord vu sengem Patron huele kann. An d’Majoritéit wollt och de zweeten an drëtte Pilier stäerken. Deemno ginn déi steierlech Oferechnungsméiglechkeete bei den Zousazpensiounen eropgeschrauft. D’Studentejoren da gi méi flexibel ugerechent. Déi aktuell Alterslimitt vu 27 Joer gëtt mat der Reform ofgeschaaft.

Véier Joer Sputt

D’Ressortministesch Martine Deprez huet op der Chamberstribün nach emol widderholl, “näischt maachen wier keng Optioun” gewiescht. Mat dëser Reform hätt ee sech 4 weider Jore ginn. Mä d’Diskussiounen, sou d’CSV-Ministesch, sollte weidergoen. Duerfir soll d’IGSS (Inspection générale de la Sécurité Sociale) e permanente Grupp an d’Liewe ruffen, an deem senge Kader sech déi verschidde concernéiert Acteuren austausche solle kënnen. Dorënner och déi Jonk, huet d’Ministesch versprach.

Factsheet Pensiounsreform (DE)

Back to Top
CIM LOGO