KrautmaartOGBL an LCGB maachen nach emol gemeinsam Front géint d'Pensiounsreform, iwwert déi an der Chamber ofgestëmmt gëtt

RTL Lëtzebuerg
De Projet wier iwwerstierzt an ouni richtege Sozialdialog duerchgezu ginn an e géif d'Pensiounskeess virun eng Rei praktesch Problemer bei der Ëmsetzung stellen.
OGBL an LCGB maachen nach emol gemeinsam Front géint d'Pensiounsreform
De Projet wier iwwerstierzt an ouni richtege Sozialdialog duerchgezu ginn an e géif d’Pensiounskeess virun eng Rei praktesch Problemer bei der Ëmsetzung stellen

Besonnesch bei der progressiver Pensioun. An och déi progressiv Verlängerung vun de Cotisatiounsjoren ëm 8 Méint bis 2030 wier ze vage. D’Ministesch Martine Deprez awer géif d’Problemer an d’Suerge vun der Verwaltung net eescht huelen an d’Problemer léiwer ignoréieren. D’Gewerkschaftsfront hätt awer am léifsten den Text géif op deene Punkten d’Urgence nogebessert.

2025 12 18 CP Union des Syndicats Une réforme ratée à revoir d’urgence.pdf

Als Rappel, de Front syndical hat et mat senger grousser Manifestatioun am Juni an der Stad fäerdeg bruecht, datt d’CSV-DP-Regierung vun hirer initialee Pensiounsreform ofgeréckt ass an déi initial Verlängerung vun der Cotisatiounsdauer – sou wéi de Premier Luc Frieden se bei senger Ried zur Lag vun der Natioun ausgerechent hat – däitlech gekierzt huet.

Back to Top
CIM LOGO