
Gläichzäiteg missten déi betraffen Acteuren dës Mesuren elo och notzen. Notamment d’Gemenge misste séier Baugeneemegungen decidéieren an zesumme mam Staat nei Projeten ausschreiwen. Och privat Clientë missten dëst Joer geplangte Bau- a Renovatiounsprojeten entaméieren, fir dass d’Mesurë vum Staat kënne gräifen.