
E Méindeg de Moie war der Police géint 7.20 Auer e Mann gemellt ginn, deen an engem Zuch vu Miersch op Ettelbréck probéiert hätt, engem Passagéier en Handy ze klauen, an deen eventuell och e Messer (oder eppes Änleches) bei sech gehat hätt. Sou hate Leit dat jiddefalls op hire soziale Medien verbreet.
Wéi d’Police RTL matgedeelt huet, konnt de Mann zu Ettelbréck op der Gare vun enger Patrull kontrolléiert ginn. Der Police no hätt de Mann awer du kee Messer bei sech an och näischt geklaut gehat.