Zu Féiz, an der Stad an zu EttelbréckAsaz vu Pefferspray, ze vill gedronk a Verdacht op Drogenhandel

RTL Lëtzebuerg
Zu Féiz kruten zwee Männer sech an d'Hoer, an der Stad huet eng alkoholiséiert Persoun sech donieft beholl an zu Ettelbréck soll e Mann mat Droge gehandelt hunn.
© Laurent Weber

Géint 19:30 Auer e Freidegowend krut d'Police eng Kläpperei tëscht zwou Persoune gemellt, dat zu Féiz an der Rue du Brill. Den éischten Informatiounen no hätt eng vu béiden am Kader vun engem Sträit Pefferspray géint déi aner agesat. Eng Patrull vun er Police konnt dee Verdächtegen op der Plaz untreffen. Hie gouf kontrolléiert an dobäi gouf de Pefferspray a senger Täsch séchergestallt a saiséiert. Et goufe Protokoller wéinst de Schléi, de Blessuren a wéinst illegalem Waffebesëtz geschriwwen.

An der Nuecht op e Samschdeg gouf der Police da géint 1 Auer e Mann virun engem Café an der Rue du Curé an der Stad gemellt. Dëse soll d'Gäscht belästegt hunn. Hie wier sichtlech alkoholiséiert gewiescht an hätt d'Beamte vun der Police beleidegt, ewéi déi op der Plaz agetraff sinn. Opgrond vu sengem Zoustand koum hien no enger medezinescher Kontroll an d'Spidol.

Da mellt d'Police nach en Tëschefall, zu dem et schonn de 7. Oktober zu Ettelbréck komm ass. Do gouf eng Patrull géint 23:25 Auer op e Mann opmierksam. Wéi et vun der Police heescht, hätt sech opgrond vun dësem sengem Verhalen de Verdacht erginn, dass hien en Drogendealer wier. D'Beamten hunn doropshin d'Ëmgéigend, an där de Mann sech opgehalen huet, kontrolléiert. Dobäi hu si e puer Bulle Kokain fonnt.

De Mann selwer konnt kuerz drop an engem Café an der Rue Prince Henri ugetraff ginn. Wéi d'Beamten hie kontrolléiert hunn, hu si Boergeld, ronn 150 Gramm Cannabis an en Handy séchergestallt a saiséiert. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun en Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO