CGDISAuto a Bus an der Stad aneneegerannt, Foussgänger zu Stroossen ugestouss

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg hunn d'Rettungsekippe vum CGDIS nees wéinst enger Rei Accidenter musse raus.
© Laurent Weber

Um 13 Auer waren op der A1 tëschen dem Tunnel Cents an dem Kierchbierg zwee Autoen aneneegerannt, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. D’Stater CGDIS-Ekippen waren am Asaz.

Eng hallef Stonn méi spéit dann en Accident an der Areler Strooss zu Stroossen: Eng Persoun ass hei vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn, d’Secouriste vu Mamer a Bartreng hu sech ëm se gekëmmert.

Gutt 10 Minutte méi spéit hat et dann um Boulevard Pierre Werner an der Stad gerabbelt: En Auto an e Bus sinn net laanschtenee komm, dobäi gouf awer kee blesséiert. D’Stater CGDIS-Ekippen an déi vum Findel waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO