Aus dem Bulletin vum CGDISAuto an Adventskranz a Flamen

Tom Nols
Nieft deenen zwee Bränn war et am Stater Quartier Gare zu engem Accident komm.
© Laurent Weber

Géint 13 Auer war tëscht dem Donkelsser Potto an der Schleef en Auto a Brand geroden. D’Pompjeeë vu Wanseler a Wolz konnten de Flame Meeschter ginn.

Um 15.30 Auer krut an der Rue du Fort Neipperg an der Stad en Auto eng Mauer ze paken. Ambulanz a Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.

An der Rue Beaumont an der Stad huet dann nach kuerz no 16.30 Auer en Adventskranz gebrannt, dee vun de Pompjeeën huet musse geläscht ginn. A kengem vun den dräi Fall ass Engem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO