Wéi d’Police iwwer den Trafic-Info vum ACL matgedeelt huet, koum et en Donneschdeg de Moie kuerz viru 6 Auer zu engem Accident op der N8 tëscht Bruch a Recken. RTL-Informatiounen no hätt de Chauffer d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass an eng Heck gerannt. Den Auto wier eréischt am Rampli stoe bliwwen. De Chauffer wier uerg blesséiert mam Samu-Noutdokter an d’Spidol komm.
Fir d’Dauer vun den Opraumaarbechte war eng Spuer blockéiert. D’Aarbechten hätte wéinst der glater Strooss méi laang gebraucht. Géint 8 Auer wier den Accident awer geraumt gewiescht, heescht et am ACL-Trafic-Info.
Wéi de CGDIS am Laf vun en Donneschdeg de Moie preziséiert huet, waren nieft dem Samu vun Ettelbréck och d’Rettungsdéngschter vu Miersch an Tënten um Asaz.