
Am Lokale gouf et en Accident e Samschdeg den Owend mat engem Foussgänger. Nodeems schonn e Freideg den Owend dräi Leit vun engem Auto ugestouss gi waren, ass e Samschdeg kuerz virun 22 Auer eng weider Persoun an der Millebaach an der Stad blesséiert ginn, wéi e Gefier an se gerannt ass. Ënnert anerem de SAMU war fir deen Accident geruff ginn.
An an der Avenue Pescatore si géint 0.15 Auer zwee Autoen anenee gerannt. Och hei gouf ee Mënsch verwonnt.
Um 10.30 Auer e Sonndeg de Moien ass en Auto tëscht Alzeng an Haassel an de Gruef gaangen. Eng Persoun gouf dem CGDIS no verwonnt.