Ministère schwätzt vun TransitiounsphasAutomatesch Passkontroll op verschiddene Fluchhäfe mat neiem Lëtzebuerger Pass den Ament nach net méiglech

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg huet zanter dem 11. Mee nei Päss ausgestallt. Dës géingen internationale Sécherheetsnormen entspriechen a wieren deemno gülteg fir Reesen an d'Ausland.
Den neie Pass ass senger Zäit deels viraus
© Diana Hoffmann

Op e puer internationale Fluchhäfe kéint et awer temporär zu Problemer bei der elektronescher Liesung vum Pass kommen, sou d'Regierung an engem Schreiwes um Dënschdeg.

Lëtzebuerg setzt elo schonn op den neie Sécherheetsprotokoll PACE, wärend verschidde Grenzkontrollsystemer an E-Gates nach net dorop ugepasst sinn.

Déi Leit mat engem neie Pass kënnen dowéinst op e puer Fluchhäfe op eng klassesch Passkontroll mat engem Beamte verwise ginn.

Déi Lëtzebuerger Autoritéite schaffen zesumme mat allen Autoritéiten an de betraffene Länner dorunner, fir d'Kontrollsystemer sou séier wéi méiglech un déi nei Technologien unzepassen.

Back to Top
CIM LOGO