
Kuerz no 7:30 Auer e Sonndeg ass op der RN12 tëscht Déierbech an der Féitsch en Auto vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. De 37 Joer ale Lëtzebuerger Automobilist, deen eleng am Auto souz, huet dës Kollisioun net iwwerlieft.
Op der Plaz waren de Samu vun Ettelbréck sou wéi och Secouriste vu Clierf, Wanseler a Wëntger.